Demonstratiounen a PortugalHonnerte Leit bei Maniffe géint Wunnengsnout

Annick Goerens
Vun Däitschland, Frankräich an der Belsch, iwwer Italien a Spuenien bis an Albanien a Serbien: iwwerall ginn aktuell jonk Mënschen op d'Stroossen - och a Portugal. Do sinn d'Maniffen, virun allem op d'Wunnengsnout opmierksam ze maachen.
Manifestanten bei enger Demonstratioun géint d’Wunnengskris op der Rossio-Plaz am Zentrum vu Lissabon, an der Nuecht vum 31. Oktober op den 1. November 2026.
Manifestante bei enger Demonstratioun géint d'Wunnengskris op der Rossio-Plaz am Zentrum vu Lissabon, an der Nuecht vum 31. Oktober op den 1. November 2026.
© AFP

A Portugal riichte sech d'Maniffe virop géint d'Pläng vun der Mëtt-Riets-Koalitioun. Geplangt huet d'Regierung e Gesetz, fir Wunnenge méi séier kënnen ze raumen an och een Aussetze vun der Brems op Loyeren (Mietpreisbremse).

Zanter 2017 hu sech d'Präisser fir Wunnengen a Portugal méi wei verduebelt, genee wéi bei de Loyeren. Besonnesch jonk Leit sinn dovunner betraff.

Bei groussen Demonstratiounen zu Lissabon waren Honnerte Leit op de Stroossen. Déi Jonk haten duerno demonstrativ iwwer 50 Zelter opgeriicht, déi awer um Sonndeg de Moie vun der Police geraumt goufen. D'Police huet Knëppelen an Hënn agesat, fir déi Honnerte Manifestanten ze verdreiwen. Och zu Porto gouf en änlecht, méi klengt Protestcamp vun der Police opgeléist.

Back to Top
CIM LOGO