10 Joer no "brutalem" Mord u PilotIS-Dschihadist a Schweden ugeklot

RTL Lëtzebuerg
Ronn 10 Joer no der brutaler Ermordung vun engem jordanesche Pilot duerch den IS a Syrien huet de schweedesche Parquet e schweedeschen Dschihadist ugeklot.
© AFP

Dem 32 Joer alen Osama Krayem gëtt reprochéiert, un der “brutaler Hiriichtung” vum Pilot bedeelegt gewiescht ze sinn, sot d’Procureure Reena Devgun en Dënschdeg viru Journalisten.

Dem Ugeklote géinge “schwéier Krichsverbriechen an terroristesch Verbriechen” virgeworf. Dem Parquet no wier de Mann vu Malmö op engem Video ze gesinn, deen den IS 2015 verbreet hat.

D’Maschinn vum jordanesche Loftwaffepilot war am Dezember 2014 a Syrien an der Géigend vun der Stad Rakka, déi deemools vum IS kontrolléiert gouf, erofgefall. De Pilot war vun den Dschihadiste gefaange geholl, an e Käfeg gespaart a lieweg verbrannt ginn. E Propagandavideo vum IS vun 22 Minutte weist déi grausam Exekutioun.

De Prozess géint de Krayem soll de 4. Juni ugoen. De Schwed hat sech 2014 dem IS a Syrien ugeschloss. Wéinst Participatioun un der Planung vun den islamisteschen Attentater 2015 zu Paräis mat 130 Doudesaffer gouf hien a Frankräich zu 30 Joer Prisong verurteelt. E belscht Geriicht hat hien ausserdeem wéinst der Bedeelegung un den islamistesch motivéierte Bommenattentater zu Bréissel 2016 mat 32 Doudegen zu liewenslaangem Prisong verurteelt. Frankräich hat zougestëmmt, de Krayem fir d’Dauer vun den Ermëttlungen an dem Prozess u Schweden ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO