An der GazasträifIsraeelesch Arméi schéisst iertemlecherweis op Gebai vum Roude Kräiz

RTL Lëtzebuerg
Déi israeelesch Arméi huet zouginn, iertemlecherweis op e Gebai vum Internationale Kommitee vum Roude Kräiz am Süde vun der Gazasträif geschoss ze hunn.
© AFP

Eegenen Aussoen no wieren iertemlech “Verdächteger bannent” dem Gebai zu Rafah vermutt ginn, heescht et e Méindeg vum Militär.

Dono wier festgestallt ginn, “datt d’Identifizéierung falsch war an datt d’Gebai dem Roude Kräiz gehéiert”. Zum Zäitpunkt vun der Attack wier dës den Truppen net bekannt gewiescht. D’Arméi huet eng Iwwerpréiwung vum Virfall annoncéiert.

Den Internationale Kommitee vum Roude Kräiz (IKRK) hat virdru matgedeelt, datt hire Büro zu Rafah bei enger Attack beschiedegt gi wier. “Haut gouf e Büro vum IKRK zu Rafah duerch en explosiivt Geschoss beschiedegt, obwuel et däitlech gekennzeechent an alle Bedeelegter gemellt gi war”, deelt den IKRK mat. Blesséiert wier kee ginn. D’Attack hätt awer “direkt Auswierkungen op d’Aarbechtscapacitéit vum IKRK”. D’Hëllefsorganisatioun verurteelt d’Attack “op dat Schäerfst”.

Den IKRK huet all Konfliktparteien opgeruff, d’Sécherheet vun humanitäre Benevollen an der Gazasträif ze garantéieren. D’Organisatioun huet erkläert, e Sonndeg de Kontakt zu Secouriste vum Palästinensesche Rouden Hallefmound verluer ze hunn. Wou si wieren, wier nach ëmmer net gewosst. D’lescht Woch wieren ausserdeem humanitär Benevollen an der Gazasträif ëm d’Liewe komm a blesséiert ginn.

Israel hat leschten Dënschdeg seng massiv Loftattacken op Hamas-Ziler an der Gazasträif nees opgeholl, wou zanter dem 19. Januar eigentlech eng Wafferou gegollt huet.

Back to Top
CIM LOGO