Och libaneesesch Miliz bestätegtIsraeelescht Militär mellt den Doud vun Hisbollah-Chef Nasrallah

RTL Lëtzebuerg
D'Hisbollah-Miliz am Libanon huet den Doud vun hirem Leader Hassan Nasrallah confirméiert.
Den Hassan Nasrallah ass bei enger israeelescher Attack ëm d'Liewe komm.
32 Joer laang, d’Hallschent vu sengem Liewen, stoung den Hassan Nasrallah un der Spëtzt vun der libanesescher Hisbollah.

Hien hätt sech senge Märtyrer Kolleegen ugeschloss, nodeems hie bal 30 Joer laang un der Spëtzt vun der Hisbollah stoung, esou déi pro-iranesch Miliz.

Déi israeelesch Arméi hat schonn e Samschdeg de Moien den Doud vum Hassan Nasrallah gemellt.

An de fréiere Mueresstonnen um Samschdeg goufen et massiv israeelesch Bombardementer an der libanesescher Haaptstad Beirut. Duerno koum d’Noriicht vun Tel Aviv, dass dobäi den Hassan Nasrallah, de Chef vun der Hezbollah, ëm d’Liewe komm wier. Kuerz drop hat e Spriecher vun der Hisbollah dat confirméiert. Fir Israel ass et eng grouss Victoire, mee Iran huet Revanche ugekënnegt.

32 Joer laang, d’Hallschent vu sengem Liewen, stoung den Hassan Nasrallah un der Spëtzt vun der libanesescher Hisbollah. Zanter Jore war de Mann net an der Ëffentlechkeet ze gesinn, aus Angscht Affer ze gi vun enger israeelescher Attack. An der Nuecht op e Samschdeg gouf de 64 Joer ale Mann am Süde vu Beirut déidlech getraff. Den Uerder fir d’Attack koum aus engem Hotel zu New York, aus dem Zëmmer vum israeelesche Premier Benjamin Netanyahu. Am Ganze sinn 11 Persounen beim Attentat ëm d’Liewe komm an 108 goufen der verwonnt.

© afp

Et ass keng zwee Méint hier, dass Israel den Ismail Haniyeh, de Chef vun der Hamas ëmbruecht huet. Mam Hassan Nasrallah ass een aneren Äerzfeind aus Siicht vun Tel Aviv eliminéiert.

D’Hisbollah bleift awer eng schwéier arméiert Miliz op der Nordgrenz vun Israel, mat wäitaus méi Capacitéiten wéi eng Hamas. De Konflikt ass net geléist mam Doud vum Nasrallah. De potentielle Successeur an de Räng vun der Hisbollah ass méiglecherweis den Hashem Safieddine – ee vun de prominentste Personnagen an der Beweegung, mat enke Kontakter zum Iran.

Den israeelesche Regierungschef Netanjahu huet iwwerdeems dem Iran am Fall vun enger Attack op säi Land mat schroe Konsequenzen gedreet. Et géif keng Plaz ginn, déi Israel net areeche kéint, sot hie virun der UNO-Vollversammlung zu New York. An dat géif fir de ganzen Noen Osten gëllen.

Reaktioun vum Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel

“Selbstverständlech kann ee sech net driwwer freeën, wann Ziviliste mat an Doud gerappt ginn. Dat ass de Constat um Terrain, wou mer och wëssen, dass dat net wäert zur Berouegung vun de Situatioun bréngen. Op där anerer Säit, e Kapp vun enger terroristescher Organisatioun, elo deen vum Hamas, deen vum Hezbollah, wann een do d’ Garantie hätt, dass doduercher am Fong déi ganz terroristesch Akten op en Enn géif kommen, da géif ech mech wierklech driwwer freeën.”

De Xavier Bettel

De Xavier Bettel huet awer gemengt, dass et net laang wäert daueren, bis een aneren d’Relève wäert iwwerhuele vum Hassan Nasrallah.

D’Gedanke wieren haaptsächlech elo bei de Leit, déi näischt domadder ze dinn hunn an déi mat hirem Liewen hu musse bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO