10 Minutten Zäit, d'Gebai ze verloossenIsrael rappt Wunnhaus an Ostjerusalem of, 70 Palästinenser op ee Coup obdachlos

AFP
Israel huet am annektéierten Ostjerusalem mat just 10 Minutte Virwarnung ronn 70 Palästinenser aus engem Wunnhaus geheit an et duerno ofgerappt.
Israel hat im annektierten Ostjerusalem ein von etwa 70 Menschen bewohntes Haus abgerissen. Die palästinensische Verwaltung für das Gebiet verurteilte den Abriss als "eine gefährliche Eskalation der Politik der Hausabrisse und der Zwangsumsiedlung".
Déi israeelesch Autoritéite sinn en Dënschdeg mat dräi Bulldozeren an Ostjerusalem gefuer.
© AFP

Israel huet am annektéierten Ostjerusalem en Haus ofgerappt, an deem ronn 70 Mënsche gelieft haten. Déi palästinensesch Verwaltung fir dat Gebitt huet dës Aktioun en Dënschdeg als "eng geféierlech Eskalatioun vun den Haiser-Ofrëss a vun der Zwangsëmsiidlung" verurteelt. Wéi eng Bewunnerin vum Haus duerno erkläert huet, huet déi israeelesch Police de Leit zéng Minutten Zäit ginn, hir Wunnengen ze verloossen.

De rietsextreeme Minister fir national Sécherheet Itamar Ben Gvir, huet den Ofrëss beopsicht an erkläert, d'Gebai wier ouni Geneemegung gebaut ginn. "Ech hunn dat Geräisch sou gär. Mir rappen of, wat illegal ass", sot de Ben Gvir an engem Video op der Plattform X, wou hien an der Chaufferskabinn vun engem Bulldozer sëtzt.

An de fréie Moiesstonne wieren israeelesch Poliziste mat dräi Ofrëssbaggeren an de Staddeel At-Tur komm an hätten d'Wunnenge gestiermt, sot d'Hanine Hreibat, Joffer a Mamm vu véier Kanner, déi am Haus gewunnt huet, der Noriichtenagence AFP. Wéi hire Mann d'Polizisten dovunner ofhale wollt, an d'Schlofzëmmer ze kommen, hätten d'Zaldoten hir Waffen op si geriicht.

Hinne wier nëmmen erlaabt ginn, Medikamenter, Suen, hir Poschen an hir Carte d'Identité matzehuelen. No der Zerstéierung vum Gebai hätte si keng Plaz, wou si higoe kéinten, sot d'Hreibat der AFP. "Mir wäerten eis en zweet Doheem sichen. Haut si mir bei menge Schwéierelteren a muer bei mengen Elteren", huet si nach ergänzt.

Israel räisst reegelméisseg Gebaier of, déi vu Palästinenser an Ostjerusalem an am besate Westjordanland erriicht goufen an déi als illegal agestuuft ginn. No den Donnéeë vun de palästinensesche Bewunner vun Ostjerusalem ass et sou gutt wéi onméiglech, Baugeneemegunge vun den israeeleschen Autoritéiten ze kréien.

Israel hat den Ostdeel Jerusalem am Sechs-Dages-Krich 1967 besat a méi spéit annektéiert. Dëse Schrëtt gouf vun der UNO a ville Staaten net unerkannt. An Ostjerusalem liewe méi wéi 360.000 Palästinenser a ronn 230.000 Israeelien. D'Palästinenser striewen un, d'Stad zu der Haaptstad vun engem zukünftege palästinensesche Staat ze maachen. Israel dogéint gesäit ganz Jerusalem als seng "vereenegt an ondeelbar" Haaptstad.

Back to Top
CIM LOGO