"Raiberescht Verhalen" a "schlecht Gestioun" vum WierkItalieenesch Stolwierk-Gestionnairë fuerdere 7 Milliarden Euro Schuedenersatz vun ArcelorMittal

RTL Lëtzebuerg
An Italien fuerderen déi staatlech Gestionnairë vun engem Stolwierk am Süde vum Land 7 Milliarden Euro Schuedenersatz vum viregte Proprietär ArcelorMittal.
© PAOLO MANZO/NurPhoto via AFP

Si reprochéieren dem Stolkonzern mat Sëtz zu Lëtzebuerg raiberescht Verhalen an eng schlecht Gestioun vum Wierk. D’Wierk zu Taranto am Süde vun Italien huet scho laang finanziell Schwieregkeeten a steet wéinst Ëmweltproblemer an der Kritik.

D’Regierung vun der italieenescher Ministerpresidentin Giorgia Meloni hat dat insolvent Stolwierk am Februar 2024 ënner staatlech Opsiicht gestallt, fir dausende Salariéen ze schützen. D’Regierung hat deemools 38 Prozent vun de Parten, ArcelorMittal 62 Prozent. Roum huet dem Konzern reprochéiert, d’Zukunft vum Wierk op d’Spill ze setzen well dësen net weider doran investéiert.

Back to Top
CIM LOGO