
Zanter leschtem Donneschdeg sinn am ganze Land iwwer 100 Leit festgeholl ginn, well si an Noperschaftsgruppe vernetzt waren, esou d’Mënscherechtsorganisatioun Viasna.
An esou Chatgruppe waren 2020 d’Protester wéinst engem méigleche Walbedruch organiséiert ginn. De belarussesche President Lukaschenko hat sech deemools anscheinend mat 80 Prozent Zoustëmmung am Amt confirméiere gelooss. Dono waren d’Leit wochelaang op d’Strooss gaangen an d’Autoritéite si brutal géint d’Manifestante virgaangen. Vill vun den Oppositionelle vun deemools sinn entweder an d’Ausland geflücht oder sëtzen am Prisong.
De Leit, déi aktuell verhaft ginn, gëtt “Extremismus” a “Conspiratioun” virgeworf, esou d’Viasna. De Lukaschenko wëll sech jo dat nächst Joer der nächster Wal stellen.