46 Deeg russesch InvasiounIwwer 1200 Doudeger an der Regioun Kiew entdeckt

Petz Bartz
Nom Réckzuch vun de russeschen Truppe ginn der Ukrain no ëmmer méi Massegriewer entdeckt. A 5.600 Fäll gëtt wéinst méigleche Krichsverbriechen ermëttelt.
Ukrain-Krich: Entwécklungen um 10. Abrëll 2022
Déi wichtegst Entwécklungen aus de leschte 24 Stonne kuerz zesummegefaasst.

“D’Ukrain wier prett fir déi grouss Schluechten”, sot e Sonndeg e Beroder vum President mat Zouversiicht der internationaler Press. Wann een déi russesch Offensiv géif zréckdrécken, hätt een eng besser Hand an de Verhandlungen um Enn. Mee nach ass de Krich net decidéiert – fir béid Säiten dierft den Donbass zu der entscheedender Schluecht ginn.

Chernihiv, am Nordoste vun der Haaptstad Kiew, ass fräi. Den 72 Joer ale Pensionéierten Volodymyr Mitenkov hat sech am Gromperekeller verstoppt, wou d’Maueren aus Bëton annerhallwe Meter déck sinn. En ass rosen iwwert déi sënnlos Zerstéierung duerch e barbaresche Feind, a senge Wierder.

Experte rechne mat Offensiv op d’Ostukrain an den nächsten Deeg

An dee Feind sammelt sech a bereet sech vir op d’Schluecht ëm den Donbass, dat geet aus Satellittebiller ervir. Iwwer 12 Kilometer laang ass de Konvoi vu Militärgefierer, deen an Direktioun Oste vun der Ukrain ënnerwee ass. Mee och déi massiivst Deplacementer vu Material si bis ewell net duergaangen, dass Moskau méi wéi eng ukrainesch Stad ganz ënner Kontroll krut.

De Poopst François huet e Sonndeg en Opruff gemaach, fir eng Wafferou fir Ouschteren. Eng Wafferou mam Zil Verhandlungen ze féieren – net just fir den Truppen eng Paus ze vergonnen.

Groussbritannien e Samschdeg an d’USA e Sonndeg hunn der Féierung zu Kiew alleguer d’Waffe versprach, déi den ukrainesche Militär bräicht, fir déi russesch Invasioun am Donbass ofzewieren.

Déi komplett Zerstéierung vum Flughafe vun Dnipro e Sonndeg de Mëtteg duerch russesch Missile konnt doduerch awer net verhënnert ginn. Och dat wier, grad wéi Kramatorsk e Freideg a punkto Eisebunn, eng wichteg Infrastruktur gewiescht, iwwert déi d’Ukrainer Waffen a Munitioun hätten no un d’Front transportéiert kréien.

Iwwer 1200 Doudeger ronderëm Kiew

Zanter dem Réckzuch vun de russeschen Truppe ginn ukraineschen Informatiounen no ëmmer méi Massegriewer ronderëm Kiew entdeckt. D’Procureur Iryna Wenediktowa sot an engem Interview mat der brittescher Chaîne Sky News: “Bis haut de Moien [Sonndeg] hu mir eleng an der Regioun Kiew 1.222 Doudeger.” Weider sot si, datt dat, wat een op der Plaz an alle Regiounen an der Ukrain gesinn hätt, Krichsverbriechen, Verbrieche géint d’Mënschlechkeet wieren, an et géing een alles maachen, fir dogéint virzegoen.

D’Ukrain ënnersicht dann och 5.600 Fäll vu presuméiere russesche Krichsverbriechen. D’Ermëttlunge riichte sech géint 500 Verdächteger aus de Reie vum russesche Militär an der Regierung zu Moskau, ënnert hinnen och de Wladimir Putin.

Schweden a Finnland geschwënn Deel vun Nato?

A Schweden an a Finnland vollzitt sech iwwerdeems en dramatesche Wiessel an der Populatioun wat d’Zoustëmmung ugeet fir en NATO-Bäitrëtt vu béide Länner. Déi russesch Aggressiounspolitik huet als Resultat eng Stäerkung vun der nordatlantescher Traité-Organisatioun, deemno genee de Géigendeel wéi bezweckt.

Dr. Robert Dalsjö, schwedesch Agence fir Verdeedegungsrecherche: Finnland ass ganz zilgeriicht am Prozess. Ech mengen déi wäerte bis zum NATO-Sommet am Juni eng Decisioun getraff hunn. Ob Schweden et bis dohi packt, ass méiglech, mee net sécher.

Rumänien ass zanter 2004 NATO-Member. Honnerten Ukrainer koumen och an der Nuecht op e Sonndeg erëm bei Galati, wou d’Donau de Grenzfloss ass zu der Ukrain, op déi sécher Säit eriwwer. Zanter dem Ufank vum Krich hu sech 660.000 Ukrainer a Rumänien a Sécherheet bruecht.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO