
An deem Kader fuerdert d’Weltgesondheetsorganisatioun, datt Mënsch an Ëmwelt besser misste viru medezineschem Offall geschützt ginn.
Der WHO no goufen zanter dem Ufank vun der Pandemie op d’mannst 144.000 Tonnen Nolen, Sprëtzen a Sammelbehälter fir 8 Milliarden Dosisse Vaccin gebraucht. Bis zu 731.000 Liter chemesch Offäll an 2.600 Tonnen Dreck (haaptsächlech Plastik) stiechen an iwwer 140 Milliounen “Corona-Testkits”. Tëscht Mäerz 2020 an November 2021 hunn d’Vereenten Natiounen iwwerdeems 87.000 Tonne Schutzkleedung ausgeliwwert. Dat entsprécht just engem Brochdeel vun der Schutzkleedung, déi weltwäit gebraucht gouf. D’Weltgesondheetsorganisatioun schätzt, datt sech zanter dem Ufank vun der Pandemie méi wéi 200.000 Tonne medezineschen Offall ugesammelt hunn. Net mat aberechent goufen hei d’medezinesch Maske fir de private Gebrauch. Am meeschte Knascht gëtt et duerch plastiks Händschen.
Ma och scho virun der Pandemie wieren een Drëttel vun alle gesondheetlechen Infrastrukturen net an der Lag gewiescht, hiren Dreck fachgerecht z’entsuergen. Den zousätzleche Covid-Knascht géing e Gesondheetsrisk fir d’Leit duerstellen, déi an der Géigend vun Deponië liewen, wéi och e Risk fir d’Ëmwelt. Dowéinst d’Fuerderung vun der WHO, a méi ëmweltfrëndlech Verpackungen z’investéieren an op Schutzkleedung zeréckzegräifen, déi een e puer Mol undoe kann. Ganz wichteg wieren och Investitiounen a Recycling-Systemer, betount d’WHO.
