
Dat geet aus engem Rapport ervir, deen d’Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natiounen en Donneschdeg publizéiert huet. Deemno gouf eng vun aacht Fraen, déi den Ament liewen, am Laf vun hirer Jugend oder Kandheet Affer vun engem sexuellen Ugrëff oder enger Vergewaltegung.
Déi héchsten Zuel vun Affer lieft dem Rapport no mat 79 Millioune südlech vun der Sahara an Afrika . 75 Millioune betraffe Fraen a Meedercher liewen an Zentral- oder Südost-Asien, 68 Milliounen an Europa oder Nordamerika, 45 Milliounen a Latäin-Amerika an an der Karibik, 29 Milliounen an Afrika an a West-Asien a 6 Milliounen an Ozeanien.
A Situatiounen, an deene staatlech Institutioune geschwächt sinn, wier de Risk, dass Meedercher respektiv jonk Fraen Affer vu sexueller Gewalt ginn, iwwerdeems besonnesch héich. Dat wier ënner anerem a politesche Krisen a Kricher de Fall, an deene sexuell Gewalt dacks als Waff géif agesat ginn, sou d’Unicef-Cheffin Catherine Russell.
Aus den Donnéeë géif iwwerdeems ervirgoen, dass déi meescht betraffe Frae respektiv Meedercher am Laf vun hirer Jugend Affer vu sexueller Gewalt goufen, respektiv ginn.