Héichrechnunge vun "Feeding America"Iwwer 50 Milliounen Amerikaner hunn net genuch ze iessen

RTL Lëtzebuerg
Déi sanitär Kris huet Milliounen Awunner an den USA an d'Aarmut gestierzt.

Keng Aarbecht an net genuch finanziell Hëllefe vum Staat: Ëmmer méi Leit hu mat de wirtschaftleche Konsequenze vun der Corona-Kris ze kämpfen. Scho virun der Pandemie hunn ëm 34 Milliounen Awunner ënnert der Aarmusschwell gelieft, bannent de leschte Méint sinn e puer weider Milliounen dobäikomm.

Aktuellen Héichrechnunge vun “Feeding America” no géinge ronn 50 Millioune Mënsche wéinst der Kris Honger leiden. Eng Etüd vun der Brookings Institution geet dovunner aus, dass bal all 5. Kand dovu betraff ass. Rieds geet vun enger Ernierungsonsécherheet, déi et an der haiteger Zäit an dësem Ausmooss nach net gouf, sou d’Leederin vun der Etüd Lauren Bauer. Ma et feelt net nëmmen u Liewensmëttel, mä och u Geld, fir Loyer, Stroum- an Heizkäschten ze bezuelen.

Eng grouss Stëtz sinn an dëse schwieregen Zäiten déi sougenannten “Food Banks”, also karikativ Verdeelungszentren, un déi Liewensmëttel gespent ginn, fir Leit an Nout mat Iesse kënnen ze versuergen. Dat éischten Zentrum gouf 1967 vum John van Hengel zu Phoenix gegrënnt, mëttlerweil ass “Feeding America” mat iwwer 200 där “Food Banks” a 60.000 Tafelen dat gréissten Tafel-Netzwierk bannent den USA.

Der Organisatioun no went sech am Schnëtt all 7. Amerikaner un d’Netzwierk. Zejoert huet “Feeding America” 42 Milliarde Moolzechte verdeelt. Duerch d’Corona-Pandemie ass d’Nofro geklommen: 98 Prozent vun alle Verdeelungszentren hunn eng däitlech Hausse notéiert. Zanter dem Ufank vun der Pandemie goufen iwwer 40 Millioune Kilo méi Liewensmëttel verdeelt, dat entsprécht enger Zomm vun ongeféier 80 Millioune Moolzechten.

Back to Top
CIM LOGO