
Eng 100 Mënsche si gerett ginn, heescht et vun der Garde-côte. Et ass awer onkloer wéi vill Leit insgesamt um Boot waren. Honnerte geflüchte Leit sollen u Bord vum Schëff gewiescht sinn, verschidde gerett Persoune gi vu bis zu 400 Persounen aus.
Schonn en Dënschdeg soll d’Boot vun italieeneschen Autoritéiten entdeckt gi sinn, déi hir griichesch Noperen heiriwwer informéiert haten. Souwuel d’Garde-côte wéi och aner Schëffer, déi laanschtgefuer sinn, sollen de Passagéier vum Boot Hëllef ugebueden hunn, dës gouf awer refuséiert. E Mëttwochmoien ass d’Boot du gekentert.
Wéi et vun Iwwerliewenden heescht, war d’Boot vu Libyen aus ënnerwee. D’Autoritéite fäerten, datt Zuel vun den Doudege warscheinlech nach klamme wäert. Eng grouss ugeluechte Sichaktioun, un där d’Loftwaff, d’Marinn an aner Autoritéiten a Griicheland bedeelegt sinn, leeft ëmmer nach. Iwwerliewender schwätzen dovunner, dass d’Boot zu Tobruk a Libyen gestart war.