Belsch/HouthulstIwwer 70 Leit aus engem Altersheem mat neier Coronavirus-Variant infizéiert

RTL Lëtzebuerg
An engem Altersheem am Nordweste vun der Belsch hu sech iwwer dräi Véierel vun de Leit, déi do wunnen, mat där neier Coronavirus-Variant infizéiert.

Betraff wieren 73 vun 93 Leit aus dem Altersheem selwer, grad ewéi nach e puer Leit aus den Annex-Appertementer. D’Altersheem ass zu Merkem (Houthulst) a Flandern. Et sinn och nach 38 Collaborateure betraff, grad ewéi 56 Awunner, déi näischt mat dem Altersheem ze dinn hunn. Dat seet de Buergermeeschter Joris Hindfriyckx am Interview mam Sender VTM. D’Situatioun géif vu Stonn zu Stonn änneren. 3 Persoune wieren och scho gestuerwen.

Wou d’Infektioun hierkënnt ass bis ewell net gewosst. Kee vun den Awunner wier rezent an England gewiescht. Ausserdeem wieren all sozial a sportlech Aktivitéiten den Ament verbueden.

Déi infizéiert Persoune mussen elo 10 Deeg a Quarantän. Eigentlech sollt dës Woch an dësem Altersheem ugefaange gi mat impfen, ma wéinst där héijer Infektiounszuel wier dat elo net méiglech.

Back to Top
CIM LOGO