
Den NATO-Chef Jens Stoltenberg weist sech zouversiichtlech, dass Schweden Member vun der Militärallianz wäert ginn. Déi schwedesch Demande war jo vun der Tierkei blockéiert ginn. No der Victoire vum Recep Tayyip Erdogan beim zweeten Tour vun de Presidentiellen de leschte Weekend, huet hien erkläert ganz geloossen ze sinn, wat de Bäitrëtt vu Schweden ugeet.
Och de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn erwaart sech elo eng kloer Ausso vun der Tierkei. Wéi hien en Dënschdeg am “Deutschlandfunk” erkläert huet, wier et e waltaktesche Manöver gewiescht, fir net direkt den tierkeschen OK zum NATO-Bäitrëtt vu Finnland a Schweden ze ginn.
“Es könnte eine ganz klare Aussage gemacht werden von türkischer Seite, dass jetzt diese Wahl vorüber ist und, dass eigentlich nichts mehr im Wege steht, dass die Türkei Ja sagt zu Schweden, zu Millionen Menschen in Schweden, die Angst haben vor dem, was in Russland und in der Ukraine vorgeht und wollen Mitglied der NATO werden.”
Den tierkeschen Ausseminister wäert dës Woch net bei der informeller NATO-Reunioun vun den Ausseminister zu Oslo mat derbäi sinn. Dem Jean Asselborn no wier et méiglech, dass den alen an neien tierkesche President Erdogan beim nächste Sommet am Juli selwer wëll d’Annonce maachen, ob d’Tierkei hire Veto ophieft oder net.
An der Tierkei selwer fäert d’Oppositioun iwwerdeems, dass den Erdogan an den nächste 5 Joer nach méi autoritär wäert regéieren, wéi bis ewell schonn. Europa misst iwwerdeems kloer sinn, mat wiem een et ze dinn huet, esou de Lëtzebuerger Diplomatie-Chef.
“Es ist ein Stück Trump, mit diesem überdrehten Nationalismus. Es ist auch ein Stück Putin, die Hetze gegen LGBT-Menschen die benutzt wird um den Niedergang des Westens klar zu machen. Und auch ein Stück Orban, von der EU profitieren und gegen sie hetzen. Das ist die Realität.”
Vun der Fuerderung fir den tierkeschen EU-Bäitrëttsprozess ee fir alle Mol ofzebriechen, hält de Jean Asselborn iwwerdeems näischt. Deene Leit, déi den Erdogan net gewielt hunn, dierft een net vu Bréissel aus, d’Hoffnung huelen, dass d’Mënscherechter an der Tierkei an Zukunft dee selwechte Stellewäert kréien wéi an der EU. Dee Gefalen sollt een dem Erdogan net maachen.