
Dobäi gouf d’Kafverhale vun de Participantë genau ënnert d’Lupp geholl. 43% vun alle Persounen tëscht 18 an 29 Joer hunn deemno uginn, bei Medikamenter méi grouss Quantitéiten akaaft ze hu wéi an normalen Zäiten. Bei de Leit tëscht 30 an 39 Joer waren et 34%. Medezin gehamstert hu bei de 50 bis 59-Jährege 15% vun alle Befroten a bei der Generatioun 60+ waren et just 9%. Staark gefrot ware virun allem Medikamenter géint Erkältungen, Féiwer oder Péng.
Net just bei der Medezin hunn déi Jonk tëscht 18 bis 29 Joer däitlech méi Artikele kaf wéi virun der Kris, 51% waren et der bei de interviewte Persounen am Alter vun 30 bis 39 Joer. De Caddie gutt gefëllt hunn awer och d’Leit tëscht 50 a 60 Joer an d’Generatioun 60+ (24% bzw. 19%).
Besonnesch gehamstert gouf bei Stéit, an deenen 3 bis 5 Leit ënnert engem Daach wunnen. De Grond, wisou si alleguerten esou zougeschloen hätten, wier d’Verantwortung géigeniwwer hire Matbewunner, ënnersträicht de Maart-Fuerscher. Ëm Ouschteren hätt sech dëst extreemt Kafverhalen awer berouegt gehat.
