Schafft zu LëtzebuergJonke Frontalier zu Mont-Saint-Martin no Tëschefall mat Police am Koma

RTL Lëtzebuerg
De 25 Joer ale Mann war no der Aarbecht nach eppes akafen, wéi hie vun der Police ugehale ginn ass.
© AFP Archivbild

Geschitt ass de Virfall an der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg. De jonke Fransous schafft zu Lëtzebuerg fir eng Sécherheetsfirma, war deen Owend op enger Tankstell nach akafen an huet sech do och mat e puer Kolleege getraff.

Et war den zweeten Dag vun den Ausschreidungen a Frankräich. Den Dag virdru waren zu Mont-Saint-Martin sëllege Gefierer a Gebaier a Brand gestach ginn. Aus deem Grond waren an där Nuecht och méi Polizisten am Asaz, fir fir déi néideg Sécherheet ze suergen.

© RTL

Géint 1 Auer wieren du Poliziste bei d’Gefier vum Fransous komm an hätten d’Passagéier mat Täscheluuchten ugeliicht. Et wier iergendwann zu engem Schoss aus enger net-déidlecher Waff komm. D’Kolleege vum Mann hätten e Schoss héieren, heescht et, si hätte gemierkt, dass hien dono vu sech war.

De Mann koum an d’Urgence zu Mont-Saint-Martin, wou si hien awer net behandele konnten. De Fransous wier op Arel transportéiert ginn, wou hien dunn um 4 Auer moies noutoperéiert gouf. De jonke Mann huet en Ödem am Gehier a gouf an de kënschtleche Koma versat.

D’Famill vum Mann huet spéider eng Plainte gemaach.

Méi Detailer zu dësem Sujet bei de Kolleege vun RTL Infos.

Back to Top
CIM LOGO