
Wéi de “Républicain Lorrain” schreift, wier et géint 15 Auer Mëttes op engem Busarrêt an der Rue de la Falogne à la Grange-aux-bois zu engem Sträit komm.
De Mann wier als Bäifuerer an engem Auto ënnerwee gewiescht, deen op der Héicht vum Arrêt stoe bliwwen ass. De Mann wier dunn aus dem Auto geklommen, fir mat engem anere Mann, ze schwätzen. D’Diskussioun wier schliisslech an e Sträit ausgeaart an de Mann, deen um Busarrêt stoung, hätt mat engem Messer e puer Mol op dee Jonken agestach.
D’Affer gouf nom Tëschefall mat uerge Blessuren hospitaliséiert. Vum Täter feelt bis ewell all Spuer. D’Police huet eng Enquête wéinst versichtem Mord lancéiert.