Rheinland-PfalzJugendleche wéinst Plange vun islamisteschem Uschlag verhaft

RTL Lëtzebuerg
A Rheinland-Pfalz gouf e Jugendleche festgeholl, dee reprochéiert kritt, en islamisteschen Uschlag geplangt ze hunn.
© ALEXANDER POHL NurPhoto NurPhoto via AFP

Wéi et an deem Kontext vum zoustännege Parquet vu Koblenz heescht, kritt dee Jonken d’Virbereedung vun enger schwéierer Strofdot, déi den däitsche Staat a Gefor bruecht hätt, reprochéiert. Hie soll sech um Internet radikaliséiert an en Uschlag mat Rouer-Bomme geplangt hunn.

Ausserdeem soll hien op soziale Medien islamistesch Propaganda verbreet hunn. Esou soll hien Dote vum Islamesche Staat verherrlecht an zur Participatioun um Hellege Krich opgeruff hunn. Doropshi war et schonn am Oktober zu enger Perquisitioun beim Verdächtege komm. An deem Kader haten d’Enquêteuren nieft Bajonetter och véier Stécker Rouer fonnt, déi op béide Säiten zou waren. D’Enquêteure werfen dem Verdächtege vir, geplangt gehat ze hunn, aus dëse Stécker Bommen ze bauen an dës bei engem Uschlag ze zünden.

Back to Top
CIM LOGO