
An deem Kader huet de Geografeschen Informatiounssystem vun der Groussregioun zwou interaktiv Kaarten kreéiert, wou een zwee verschidden Indicateure ka gesinn. Dat wier Engersäits d’Gesamtzuel vun den Infizéierten, gerechent op 100.000 Awunner an Anerersäits d’Unzuel vun den Doudesfäll, gerechent op 1 Millioun Awunner. Esou kann een direkt op 1 Bléck déi eenzel Regiounen aus Frankräich, Däitschland, Lëtzebuerg an der Belsch matenee vergläichen.
