Traditionell konservativ ChaîneKamala Harris gëtt éischte groussen TV-Interview bei Fox News

RTL Lëtzebuerg
Déi demokratesch Presidentschaftskandidatin huet sech op géignereschen Terrain gewot an huet der Trump-frëndlecher US-Tëleeschaîne een Interview ginn.
© AFP/RONDA CHURCHILL

Ronn 30 Minutten huet den Interview op Fox News gedauert, an esouwuel de Moderator Brett Baier, wéi och d’Kamala Harirs hu sech géigesäiteg näischt geschenkt. Deelweis hat den Interview mat der demokratescher Presidentschaftskandidatin éischter de Charakter vun engem Tëleesduell. Ma der Kamala Harris hir Iddi, sech duerch den Interview de konservative Wieler méi no ze bréngen, kéint opgaange sinn.

Eent vun de groussen Theme vum Interview war d’Migratioun. Déi aktuell Vizepresidentin Kamala Harris sot dozou, de Migratiounssystem vun den USA wier schonn zanter laangem futti. Hire Kontrahent Donald Trump hätt awer och net d’Léisung - hie géif et virzéien, mat engem Probleem an de Walkampf ze zéien, amplaz en ze léisen. Ee Gesetzesprojet zum Thema Migratioun, dee vun Demokraten a Republikaner zesummen ausgeschafft wier, wier virun allem duerch den Drock vum Donald Trump gescheitert.

D’Kamala Harris huet sech am Interview awer och vum aktuellen demokratesche President Joe Biden ofgegrenzt. “Loosst mech ganz kloer soen, datt meng Presidentschaft keng Fortsetzung vun der Presidentschaft vum Joe Biden wäert sinn.”

De republikanesche Kandidat Donald Trump war iwwerdeems net begeeschtert vum Interview. De Moderator Brett Baier wier ze kulant mat der Kamala Harris gewiescht: “Ech hätt léiwer ee Journalist gesinn, dee méi haartnäckeg nofreet, ma Fox ass esou schwaach a mëll géigeniwwer vun den Demokrate ginn.”

Back to Top
CIM LOGO