Neie SondageKamala Harris läit an zwee Swing States kloer virum Donald Trump

RTL Lëtzebuerg
D'Ëmfro gouf nom TV-Duell vun den zwee Kandidaten den 10. September gemaach.
© AFP

De 5. November gëtt an den USA een neie President gewielt. An de meeschte Bundesstaate wäert et warscheinlech e kloert Resultat fir oder géint d’Kamala Harris respektiv fir oder géint den Donald Trump ginn. Aktuelle Sondagen no si siwe Staaten ëmkämpft. Neien Ëmfroen no gesäit et aktuell an zwee vun dëse Swing States no enger Victoire vun der demokratescher Presidentschaftskandidatin Kamala Harris aus.

Dem vun der Quinnipiac-Universitéit verëffentleche Sondage no läit d’Kamala Harris a Pennsylvania bei 51 Prozent vun de Stëmmen, wärend den Trump 45 Prozent verzeechent. Am Staat Michigan wier d’Verhältnis 50 zu 45 Prozent.

D’Ëmfro gouf nom TV-Duell vun den zwee Kandidaten den 10. September gemaach.

Back to Top
CIM LOGO