Méi wéi 4,4 Milliounen Ukrainer hunn zanter dem Ufank vun der russescher Invasioun, de 24. Februar, hiert Land verlooss. Vun der Ukrain kënnt dann och elo den dréngenden Appell un d’Awunner am Donbass, fir d’Regioun ze verloossen, soulaang nach Zäit wier, fort ze kommen. Nom Réckzuch vun de russeschen Truppen aus dem Norde vun der Ukrain a ronderëm Kiew ass sech de Militär vu Moskau amgaangen, op den Oste vun der Ukrain ze konzentréieren.
D’Awunner vu Severodonetsk, am Oste vun der Ukrain, maache sech op de Wee, fir hir Heemecht ze verloossen. Moskau konzentréiert sech elo méi modest op den Osten a Südoste vun der Ukrain, nodeems de Versuch vun enger kompletter territorialer Invasioun feelgeschloe war.
Ukrainesch Autoritéiten hu matgedeelt, dass ee sech fir e Samschdeg mam russesche Militär eens gi wier, 10 humanitär Korridoren aus besate Regiounen opzemaachen. Een dovun och aus Mariupol um Asov-Mier, wou nach ëmmer e puer Honnertdausend Awunner an de Kelleren iwwerliewen. D’Stad ass zanter Wochen ënner Beschoss a gëtt den Ament nach vum ultra-nationalisteschen Asov-Regiment gehalen. D’Awunner siche no Méiglechkeeten, hir Familljen ze kontaktéieren.
Aus den Uertschaften am Nordweste vu Kiew, vu wou aus déi russesch Truppe sech a Belarus zréckgezunn hunn – wéi Bucha, Makariv oder Irpin – gi quasi all Dag nei Massaker aus de puer Woche russescher Besatzung gemellt. Och zu Borodyanka. Ëmmer erëm waren d’Zivilisten am Viséier a beim Opraumen elo gi permanent Läiche vu Vermësste fonnt. “Meng Kanner louchen ënnert dem futtisse Gemaier”, seet eng Fra. “Si hunn elo grad meng Kanner do erausgegruewen. 36 Deeg laang louche se do a wann ee se wollt siche goen, hunn d’Russen op ee geschoss.”
D’Zuel vun den Doudesaffer vun der russescher Attack mat Missilen op d’Gare vu Kramatorsk e Freideg ass mëttlerweil op 52 geklommen, dorënner 5 Kanner. 4.000 Leit aus der Ëmgéigend sollten zu deem Zäitpunkt vun do aus evakuéiert ginn. Russland probéiert, der Ukrain d’Zuchverbindungen aus dem Osten an dem Weste vum Land ofzeschneiden – och fir dass bei der imminenter Offensiv am Donbass den ukrainesche Militär d’Eisebunn net ka fir Ravitaillement notzen. Kiew an déi Alliéiert ginn allerdéngs vun enger geziilter Attack op Zivilisten aus.

D’Jen Psaki, Pressespriecherin vum Wäissen Haus: “Geziilt Attacken op Ziviliste sinn e Krichsverbriechen. Mir hu scho vill Aktioune bis elo als Krichsverbrieche qualifizéiert, mee mir ënnerstëtzen all Effort fir eng Enquête wat genee hei geschitt ass.”
Iwwerraschungsvisitten dann och e Samschdeg zu Kiew beim ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj. De brittesche Premier Boris Johnson gouf ageflunn, fir seng Ënnerstëtzung zum Ausdrock ze bréngen, awer och den éisträichesche Bundeskanzler Karl Nehammer.

An dat ginn et och Biller vun e puer vu ville Begriefnesser e Samschdeg zu Vladikavkaz a Nordossetien – op der russescher Säit vum Kaukasus. Mammen traueren ëm hir Jongen, nodeems elo och de Kreml zouginn huet, schwéier Verloschter ze bekloen an der Ukrain. An der offizieller Rhetorik dréit et sech awer nach ëmmer nëmme just ëm eng “speziell Operatioun” – vu Krich ze schwätze wier strofbar.
