Referendum an Egypten Kann de Staatschef Al-Sisi bis 2030 säin Amt bekleeden?

RTL Lëtzebuerg
An Egypten ass den Optakt vun engem Referendum deen driwwer decidéiert op de Staatschef Al-Sisi méi Muecht wäert kréien.
© Yasser Al-Zayyat / AFP

Dräi Deeg laang sinn iwwer 60 Millioune Walberechtegt opgeruff hir Stëmm ofzeginn. Déi geplangte Verfassungsännerung soll dem President ënnert anerem d’Méiglechkeet ginn, seng Amtszäit bis 2030 ze verlängeren.

Donieft géif hie méi e groussen Afloss kréie wat d’Besetzung vu méi héijen Ämter am Justizwiesen ugeet.

Den Oppositiounspolitiker Hariri warnt virdrun dem President méi Muecht ze ginn. Mënscherechtler zweiwele wärend deem un enger fräier Ofstëmmung. Kritiker wieren an de leschte Wochen ënner Drock gesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO