Nëmmen e puer Honnert Awunner konnten iwwert de Weekend d’Stad verloossen. E puer Honnertdausend Zivilisten dogéint si weiderhin agekesselt. De President Selenskyj an och d’EU schwätze vu russesche Krichsverbriechen. Parallel dozou ginn och d’Attacken op d’Haaptstad Kiew an op Odessa um Schwaarze Mier weider.
Ukrainesch Arméi leet Waffen zu Mariupol net néier
D’Stad wier agekreest an all Zaldote sollte sech zeréckzéien, huet Russland e Sonndeg den Owend gefuerdert. Dofir sollt e Méindeg de Moien e spezielle Flucht-Couloir erméiglecht ginn. Dat huet Kiew awer refuséiert. Et géif weder eng Kapitulatioun ginn, nach géif een d’Waffen néierleeën, sot de Vizepremier Wereschtschuk enger ukrainescher Zeitung.
Vill vun de 400.000 Awunner vu Mariupol sinn nach ëmmer net fort komm. Wéi vill der bis ewell am Siège vun der Stad ëmkomm sinn a wéi villen de Stroum, d’Waasser an d’Liewesmëttel ausginn, ass net bekannt. Wann d’Sireenen een Ablack net ginn, ginn d’Leit do begruewen, wou se ëmkoumen, och alt just nieft der Strooss.
“Wat zu Mariupol geschitt, ass e massiivt Krichsverbriechen”
Dat, wat an der Ukrain géing geschéien, wier kee Krich, et wier eng massiv Zerstéierung ouni Consideratioun fir d’Krichsrecht, sot den EU-Chefdiplomat Josep Borrell e Méindeg de Moien zu Bréissel, am Virfeld vum Landwirtschafts- a Fëschereiconseil.
“Russland mécht wierklech vill Krichsverbriechen. Dat ass d’Wuert, dat ee gebrauche muss. Wat zu Mariupol geschitt, ass e massiivt Krichsverbriechen. Et gëtt alles zerstéiert, alles bombardéiert a jiddereen ëmbruecht, ouni en Ënnerscheed ze maachen. Dat ass eppes Schreckleches, dat mer op d’Schäerfst condamnéiere mussen. Dat ass e Krichsverbriechen, e massiivt Krichsverbriechen, wat zu Mariupol geschitt. D’Stad wäert komplett zerstéiert ginn an d’Leit sinn amgaangen ze stierwen.”
De Josep Borrell huet weider Sanktioune géint Russland gefuerdert, virun allem am Beräich vun der Energie, grad wéi och eng Rei Memberstaaten. De litaueschen Ausseminister huet virun enger Sanktiouns-Middegkeet gewarnt an e Stopp vum Import vu Pëtrolsproduite gefuerdert. Den ukrainesche President Selenskyj huet e Méindeg un d’EU appelléiert, fir sämtlechen Handel mat Russland ze stoppen, virun allem, wat d’Energie ugeet.
Nei Bombardementer op Haaptstad Kiew
Och zu Kiew ass Kapitulatioun keng Optioun, och net, nodeems d’russesch Artillerie an der Nuecht op e Méindeg an der nërdlecher Peripherie en Akafszenter an engem Residenzquartier viséiert hat. 8 Persoune koume bei de Bombardementer ëm d’Liewen. Dem russesche Militär no wieren am Akafszenter Rakéite verstoppt gewiescht. Fest steet awer och, dass déi russesch Invasioun gréisstendeels ausgebremst schéngt. Zanter der leschter Woch ass de Militär net weider komm an Direktioun vum Zentrum vu Kiew. Vun e Méindeg den Owend bis e Mëttwoch de Moie gëllt eng Ausgangsspär an der ukrainescher Haaptstad.

D’EU verurteelt d’Virgoe vun der russescher Arméi op d’Schäerfst an diskutéiert iwwer weider Sanktiounen.
Zu Sumy, am Nordoste vum Land, goufen d’Awunner elo opgeruff, sech an hir Kelleren a Sécherheet ze bréngen, dat, well aus enger Chimiesfabrick héichgëftegen Ammoniak austrëtt. Wéi et zur Fuite koum ass nach net gewosst.
Zu Cherson dann, nach ëmmer der eenzeger ukrainescher Stad ënner russescher Kontroll, huet de russesche Militär probéiert, sech mat Hëllef vu Schëss, Schreckgranaten an Tréinegas Manifestante vum Leif ze halen, déi d’Usiicht net deelen, dass si hätte misse vu Moskau befreit ginn.
Schaarf Kritik un Israel gouf et vum President Selenskyj. Israel ass eent vun deene wéinege Länner, dat sech bis ewell mat Sanktioune géint Russland zréckgehalen huet. De Premier Naftali Bennett awer kéint d’Roll vum Vermëttler spillen tëscht Moskau a Kiew. Friddensverhandlunge wéilt een dann zu Jerusalem organiséieren. E Geriicht zu Moskau huet iwwerdeems e Méindeg Facebook an Instagram verbueden, mat der Begrënnung, hir Aktivitéit wier “extremistesch”.