SchwedenKarl Gustav XVI. erkläert Ëmgang mat Corona-Pandemie als gescheitert

RTL Lëtzebuerg
"Mir hu versot", sou de Kinnek, Carl Gustav XVI. an enger fir Chrëschtdag opgezeechenter Ried un d'Natioun, déi e Méindeg komplett soll diffuséiert ginn.

Schweden hätt vill Doudeger, dat wär fuerchtbar, sou de schwedesche Kinnek.

Der Johns-Hopkins-Universitéit no sinn a Schweden zanter dem Ausbroch vun der Pandemie ronn 7.800 Mënschen am Zesummenhang mat enger Covid-19-Erkrankung gestuerwen. Knapp 348.000 Awunner hu sech bis ewell noweislech mam Virus infizéiert.

Schweden hat laang Zäit eng labber Corona-Politik: Sou si Schoulen, Gastronomie a Kulturariichtungen op bliwwen. Eng Maskeflicht gëtt et net.

Back to Top
CIM LOGO