De President Wolodymyr Selenskyj huet gewarnt, d’Welt misst sech drop virbereeden, dass Russland méiglecherweis och nach géif Nuklearwaffen am Krich asetzen. Iwwerdeems wier de russeschen Oligarch Abramovich op Kiew gereest, fir ze probéieren, eng weider Ronn Friddensverhandlungen anzeleeden – fir de Moment allerdéngs schénge weder Kiew nach Moskau bereet, sech un en Dësch ze setzen.
Amplaz Klacken um orthodoxe Pällemsonndeg waren et Sireenen, déi russesch Loftattacken ugekënnegt hunn zu Kramatorsk am Oste vun der Ukrain. Russland setzt weiderhin op seng klassesch Militärdoktrinn, sporadesch Loftattacken iwwerdeems ee probéiert seng schwéierfälleg Artillerie fir eng Offensiv zesummenzeréckelen an a Positioun ze bréngen. Bis ewell ass dat awer nach net sonnerlech gelongen. Villes mat Z drop huet kaum nach Schrottwäert.
Zu Mariupol um Azov-Mier probéieren déi tschetschenesch Verbänn vum russesche Militär déi lescht ukrainesch Resistenz ze briechen, déi sech an den 11km Carré Areal vun engem Stolwierk verschanzt huet. Op en Ultimatum sech z’erginn a verschount ze bleiwen, koum keng Reaktioun.
Vläicht och well Ukrainer keng russesch Versprieche méi gleewen, mee elo gëtt kee verschount. D’Kämpf wieren extrem haart, sou de President Wolodymyr Selenskyj. Sollte seng Truppen awer eliminéiert ginn, wier dat d’Enn vun alle Friddensverhandlungen.
D’Ukrain huet um Sonndeg och de G7 kontaktéiert an eng Finanzhëllef vu 50 Milliarden US-Dollar ugefrot, fir de Budgetsdefizit vum Land ze couvréieren, sollt de Krich sech 6 Méint laang zéien.
Fir Leit, déi aus der Ukrain geflücht wieren, wier et elo nach ze fréi fir schonn erëm op Kiew zréckzekommen, sou d’Autoritéiten an der ukrainescher Haaptstad. Et wier weiderhi mat russesche Revanche-Attacken ze rechnen, zemools well den Ament d’Pläng vum Kreml alles wéi net opginn.
An zu Sebastopol op der Krim stoungen 100 Matrouse Spaléier. De Video gouf vum russesche Verdeedegungsministère an Ëmlaf bruecht a soll Iwwerliewender vum Equipage vun der versenkter Moskwa weisen. Moskau no hätten alleguer déi 500 Mann u Bord kënne gerett ginn. Firwat den Admirol Yevmenov der just 100 begréisst, bleift onkommentéiert.