Den nordkoreanesche Staatschef Kim Jong Un huet säi Land e Freideg dozou opgeruff, bei der Dronentechnologie déi "absolut Dominanz" z'erreechen. Dat melle staatlech Medien, nodeem de Kim eng Expo an eng Virféierung vun onbemannte Loftgefierer besicht huet.
Bei der Presentatioun koumen taktesch Kamikaze-Dronen, taktesch Marschfluchkierper a Méizweckdronen, esou wéi 600-Millimeter-Méifachrakéitewerfer an den Asaz.
Opname vun der staatlecher Tëlee KRT weisen de Kim a seng Duechter Ju Ae bei der Visitt vun der Expo "Entwécklung vun onbemannter Loftaarttechnologie -2026."
Am Video war och ze gesinn, wéi wärend enger Virféierung vu Waffen en onbemannt Loftgefier an e Militärauto gestierzt an an engem grousse Feierball explodéiert ass.
D'Virféierung gouf am Hannergrond vun de Spannungen tëscht Nord- a Südkorea, déi ëmmer méi grouss ginn, ofgehalen. Seoul huet annoncéiert, decisiv géint presuméiert Verletzunge duerch Nordkorea virzegoen. Pjöngjang verurteelt déi gemeinsam Exercicer vu Südkorea an den USA fir d'Loftdefense.