Korrespondenz aus den USAKultur-Institutioun "Kennedy Center" ännert sech ënnert der Trump-Regierung

RTL Lëtzebuerg
Dem Donald Trump geet et anscheinend net domat duer, d'US-Federalregierung, den internationalen Handel an d'Weltpolitik ëmzekrämpelen.
© AFP/MANDEL NGAN

Elo wëllt den neien US-President och an der Kulturzeen opraumen.

Den John F. Kennedy Center for the Performing Arts, kuerz “Kennedy Center” genannt, ass e grousse Kulturzentrum zu Washington, deen 1971 opgaangen ass. En ass bekannt fir seng vill Opféierunge vun Theaterstécker, Musicals, Concerte vun alle Museksgenren, Gesang, Danz a Kulturfestivallen. Am Ganzen iwwer 2.000 Performancen am Joer, verdeelt op 15 Auditoiren a Säll.

Korrespondenz aus den USA / Georges Zens

De Kennedy Center huet e Budget vu bal 270 Milliounen Dollar, déi haaptsächlech vu privaten Done kommen. Geleet gëtt e vun engem Conseil d’Administration, dee vum amerikanesche Präsident genannt gëtt.

Ee vun deene gréissten Evenementer am Joer sinn d’Kennedy Center Honors, e Galaweekend wärend deem Leit aus der Museks-, Film-, Danz- an Theaterbranche fir hiert Liewenswierk geéiert ginn. Et ass üblech, dass de Präsident mat dobäi ass, an dass eng Receptioun am Wäissen Haus gehale gëtt.

2017 waren de Präsident Donald Trump an d’First Lady Melania Trump awer net dobäi, offiziell fir dass d’Politik net sollt vun de Festivitéiten oflenken. Spéiderhin allerdéngs huet hie sech iwwert d’Kennedy Honors geiergert, well verschidde Riedner do de Geck mat him géinge maachen.

Zanterhier huet hie méi generell d’Programmatioun kritiséiert; vill Performancë wären ze vill “woke” a géinge besonnesch d’Jugend endoctrinéieren. Et misst och ophale mat där, wéi hien et genannt huet, “anti-amerikanescher Propaganda”.

Dofir huet hien decidéiert, als éischten US-Präsident an der Geschicht vum Kennedy Center do selwer d’Saach an d’Hand ze huelen. Fir d’éischt huet hien d’Directrice entlooss an e Vertrauensmann installéiert. Duerno huet hien de Conseil d’Administration erausgehäit an duerch eng Rei vu sengen Acolytten ersat. An déi hunn hien dunn dûment eestëmmeg zum neie President vum Kennedy Center gewielt.

Antëscht sinn all Referenzen zu Diversitéit, Equitéit an Inclusioun vum Kennedy Center sengem Internetsite geläscht ginn, an d’Programmatioun ass am gaangen z’änneren. Dës Changementer kommen awer deelweis vun de Kënschtler selwer, well eng ganz Rei hunn hier Collaboratioun gekënnegt a Performancen ofgesot, dorënner d’Sopranistin Renée Fleming an de ganze Musical “Hamilton”.

Back to Top
CIM LOGO