
De Kierper vum Meedche gouf op der Héicht vum franséischem Gerstheim entdeckt, dat awer op der däitscher Säit vum Floss, wéi déi zoustänneg Präfektur matgedeelt huet.
Am ganze sinn also elo beim Ongléck mam Schlauchboot véier Persounen ëm d’Liewe komm, dorënner déi 2 Meedercher am Alter vu 4 respektiv 6 Joer, souwéi zwee Erwuessener. D’Famill koum aus Rumänien.
D’Boot war en Donneschdeg op der Héicht vun der Schleis bei Gerstheim gekippt, eng 30 Kilometer südlech vu Stroossbuerg.