52. Dag Krich an der Ukrain Läichen op de Stroosse vun der "Märtyrerstad" Mariupol

Petz Bartz
An der Ukrain goufen op en Neits Explosiounen an a ronderëm Kiew gemellt.
Entwécklungen am Ukrain-Krich um 16. Abrëll 2022
Läichen op de Stroossen vun der “Märtyrerstad” Mariupol

Vun e Méindeg u plangt Russland d’Stad Mariupol um Asow-Mier komplett z’isoléieren an all Zoufaartsstroossen och fir humanitär Hëllef ze spären. Doduerch wéilt Moskau eng Kapitulatioun vun der Resistenz erzwéngen. D’Entwécklungen aus de leschte 24 Stonne vum Krich an der Ukrain.

Russland warnt bei Waffeliwwerunge virun “onberechenbare Konsequenzen”

Et ass an de Stolwierker vun der sougenannter “Märytrerstad” Mariupol, wou déi lescht Resistenz géint déi russesch Truppe bréckelt. Sollt Mariupol falen, wier et déi éischt Groussstad, an där de Feind d’Kontroll iwwerhëlt. Virum Krich hat Mariupol bal eng hallef Millioun Awunner. Vill vun deene Mënsche koumen net fort. Hir Läiche leien an de Stroossen. D’Zuel vun de russesche Krichsverbrieche géint Ziviliste klëmmt vun Dag zu Dag.

Wat ee méi séier vum Weste Waffe geliwwert géif kréien, wat de Krich éischter eriwwer wier, sou de President Wolodymyr Selenskyj. Russland warnt awer eng Oprëschtung vun der Ukrain hätt, Zitat: “onberechenbar Konsequenzen.”

Brittesche Premier däerf net méi a Russland areesen

Italien a Frankräich hu vun haut un iwwerdeems erëm en Ambassadeur zu Kiew sëtzen. Si waren ugangs Mäerz op Lwiw geplënnert.

Den Diplomatepass vum brittesche Premier Boris Johnson dogéint hëlleft ëm elo näischt méi. De Mann ass op enger Lëscht mat enger Dosen aneren, déi net méi dierfen a Russland reesen. Offiziell esou geschriwwen Ursaach: De russophobeschen Discours, deen den Ament géif a Groussbritannie gefouert ginn, géif dozou bäidroen, Russland international an e schlecht Liicht ze réckelen.

Russesch Offensiv am Oste vun der Ukrain

Charkiw a Severodonetsk am Oste vun der Ukrain waren och e Samschdeg erëm vun der russescher Offensiv viséiert. Ziviliste probéieren sou gutt wéi et geet duerch Schosswiessel ze kommen, mee Doudeger a Verwonnter bleiwen net aus. Dacks gi Vermësster eréischt Deeg oder Woche méi spéit beim Opraume fonnt.

Mee souguer se da bäizesetzen ass schwéier. Zu Trostyanets bei Sumy, just 30 Kilometer vun der russescher Grenz am Nordoste vun der Ukrain, hunn déi russesch Besatzungstruppe virun hirem Réckzuch esouguer de Kierfecht verminnt a Griewer geschännt, fir d’Leed vun den Hannerbliwwene muttwëlleg nach ze verschlëmmeren.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO