
E Gremium vun Experten hat iwwerdeems recommandéiert, Persounen iwwer 60 a Gesondheetspersonal eng 4. Kéier z’impfen. Et wier een awer net iwwerzeegt, datt dat néideg wier. Et géing een d’Situatioun an e puer Deeg nach ee mol evaluéieren.
Wa méi wéi 50 Leit dobausse beienee komme gëllt an Israel vun elo un nees eng Maskeflicht. 60 Prozent vun de Leit an Israel sinn 3 mol geimpft, 31 Prozent nach guer net.