Am Alter vun 100 JoerLeschte franséischen Iwwerliewende vum KZ Natzweiler-Stuthof gestuerwen

RTL mat AFP
De Roger Boulanger war wärend dem zweete Weltkrich an d'KZ komm, well hien net fir Wehrmacht wollt kämpfen.
Dëst Schëld haten d'Nazien iwwert d'Entrée vum KZ Natzweiler-Struthof ubruecht.
Dëst Schëld haten d'Nazien iwwert d'Entrée vum KZ Natzweiler-Struthof ubruecht.
© SEBASTIEN BOZON/AFP

De leschte franséischen Iwwerliewende vum Haaptlager vum Nazi-Konzentratiounslager Natzweiler-Struthol am Elsass ass am Alter vun 100 Joer gestuerwen. "De Roger Boulanger huet eis gëschter, den 19. November, am Nomëtteg verlooss an ass domadder senger Fra Suzanne nogaangen, déi am Januar vun dësem Joer gestuerwen ass", esou de Veräin "Natzweiler Struthof, Histoire et mémoire" e Freideg op Facebook.

"Mam Roger sengem Doud geet elo e Kapitel fir eise Veräin zou, dee mat him de leschte franséischen Zeie" vum Lager verléiert, erkläert d'Organisatioun, déi sech mam Opschaffe vun der Geschicht vum Lager an dem Undenken un d'Affer beschäftegt.

"Säi Liewenswee weist de Mutt vun deenen, déi refuséiert hunn, sech der nationalsozialistescher Barbarei ze ënnerwerfen", esou de President vun der Region Grand Est, Franck Leroy. "Mir wäerten de Roger Boulanger net vergiessen. Mir wäerte seng Geschicht net vergiessen. Mir wäerte säin Undenken, dat hien eis hannerléisst, lieweg halen".

De Roger Boulanger, deen 1926 an der Regioun Moselle gebuere gouf, hat sech geweigert, fir an der Wehrmacht ze kämpfen. Dowéinst koum hien 1943 op Natzweiler-Struthof a gouf méi spéit an aner Konzentratiounslager deportéiert. Am Abrëll 1945 konnt hie flüchten. Zu Natzweiler-Struthof an a sengen Ausselagere ware ronn 50.000 Leit inhaftéiert ginn, déi meescht vun hinne Polen, Russen a Fransousen. 17.000 vun hinnen hunn dëst net iwwerlieft.

Back to Top
CIM LOGO