Wärend Attack op d'UkrainRussesch Rakéit am Südoste vu Polen ageschloen - keng Blesséiert

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi et e Freideg aus Warschau heescht, ass an der Nuecht op e Freideg op d'mannst eng russesch Rakéit am Südoste vu Polen ageschloen. An der der Nuecht gouf et eng sëllege russesch Ugrëff op d'Ukrain.
Zanter Februar 2022 gräift Russland d'Ukrain un.
Zanter Februar 2022 gräift Russland d'Ukrain un.
© SERGEI SUPINSKY/AFP

D'Autoritéite géifen dräi Krateren ënnersichen. Méiglecherweis wieren nach eng zweet Rakéit an eng Dron involvéiert gewiescht.

"Et gëtt dräi Impakt-Plazen. Zu Nowy Lipowiec kënne mir scho konforméieren, datt et eng Kh-101-Rakéit war. Op der zweeter Plaz ass och rieds vun enger Missile, an op där drëtter Plaz war et warscheinlech eng Dron mat Jet-Undriff", gouf de polnesche Verdeedegungsminister Wladyslaw Kosiniak-Kamysz polnesche Medien no zitéiert. "Et gouf kee blesséiert, a mir hu eng Zerstéierung vun Infrastruktur festgestallt."

Back to Top
CIM LOGO