
Kuerz no der jonker Fra hirem Doud waren ee 35 Joer ale Mann aus dem Saarland an eng 25 Joer al Fra vun Tréier festgeholl ginn. De Parquet vun Tréier huet e Freideg wësse gedoen, dass de Mann an d'Fra wéinst gemeinschaftlechem Computerbedruch ugeklot goufen. De Virworf vum Mord steet just géint de Mann am Raum. De Verdacht géint d'Fra hätt sech an dësem Uklopunkt net confirméiert, heescht et an enger Matdeelung vum Tréierer Parquet.
De presuméierten Täter hätt et op d’Sue vum Affer ofgesi gehat an hätt si de 16. Juli erstach. Déi 29 Joer al Studentin war e puer Deeg drop dout an hirer Wunneng an der Tréierer Nordallee fonnt ginn. Just een Dag virdrun an engem anere Fall war ee Student vun der Uni Tréier op oppener Strooss erstach ginn.
Déi zwee Verdächteg géife sech schonn zanter Jore kennen. heescht et am Schreiwes vum Tréierer Parquet. Déi verdächteg Fra hätt déi jonk Studentin e puer Méint virun der Dot kennegeléiert, wou béid Fraen an der Klinik waren. Iwwer déi 25 Joer al Fra hätt d'Studentin dunn de 35 Joer ale Beschëllegte kennegeléiert a wier mat him eng Bezéiung agaangen.
Hien hätt et der Uklo awer virun allem op der Studentin hier Suen ofgesi gehat. Hie wier de 16. Juli an d'Wunneng vum Affer gaangen, fir hir Kaarten ze klauen. Wou déi zwee schonn eng Zäitche mateneen an der Wunneng verbruecht hätten, soll de Mann d'Affer ouni Virwarnung am Bett mat engem Messer ugegraff hunn. Déi jonk Fra huet eng sëllege Stéchverletzungen am Uewerkierper erlidden an ass nach an hirer Wunneng gestuerwen.
De Verdächtege soll dono d’Kreditkaarte vum Affer matgoe gelooss hunn an se der inculpéierter Fra ginn hunn. déi 25 Joer al Verdächteg hätt 3.500 Euro Boergeld opgehuewen - d'Dageslimitt war domat erreecht. D'Fra huet ausgesot, d'Kaarten an d'Suen duerno zeréck un de Verdächtege ginn ze hunn. Schonn eng Woch virun der Dot soll de Verdächtegen onerlaabterweis 2.300 Euro vun engem Kont vum Affer opgehuewen hunn. D'Affer soll dem 35 Joer ale Verdächtegen d'Kaarten iwwerlooss hunn, am Glawen, hie géif Suen abezuelen.
De Mann huet bis ewell keng Aussoen an der Affär gemaach, ma déi 25 Joer al Verdächteg huet zouginn, onerlaabt Suen opgehuewen ze hunn.
En Datum fir de Prozess, gouf bis ewell nach net fixéiert. D'Landesgeriicht muss elo iwwer d'Zoulässegkeet vun der Uklo decidéieren. Béid Verdächteg sonn zanter dem 30. Juli an Untersuchungshaft. Et gëllt wéi ëmmer d'Présomption d'innocence.