
D’Ukrainer op där enger Säit hätten net genuch Waffen a Munitioun, op där anerer Säit konnten d’Russe gréisser Verdeedegungslinnen opriichten, esou de Steve Thull.
De Chef vun der Lëtzebuerger Arméi gesäit den Ament keng séier militäresch Léisung vum Konflikt.
Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain hätt ee 5 grouss Saache gemaach, esou de Generol. A Litauen huet ee méi Leit geschéckt an et huet een och Waffe geliwwert.
D’Very High Readiness Joint Task Force vun der NATO wier méi séier aktiv ginn, wéi ugangs virgesinn. Lëtzebuerg stellt hei 40 Zaldoten. Da sinn och zanter Mäerz Lëtzebuerger Zaldoten a Rumänien, fir d’NATO-Ostflank ze verstäerken, do wier een elo an enger zweeter Rotatioun. Et wier een och Deel vun der EUMAM (EU Military Assistance Mission), esou wier een dru bedeelegt, och ukrainesch Zaldoten ze forméieren.
Als klengt Land géif een dat maachen, wat ee kéint, Enn Juli ginn zwee weider Lëtzebuerger als Renfort a Litauen.
Wa Schweden a Finnland elo als NATO-Member opgeholl ginn, géif dat d’Militärallianz weider stäerken. Net nëmme géif ee strategesch wichteg Länner an den NATO-Territoire mat aschléissen, Finnland a Schweden hätten och ganz performant Arméien.
Zanter Lëtzebuerg an der NATO ass, konnt een e Fridde genéisse wéi nach ni virdrun, dat sot de Steve Thull am RTL-Interview. Dat wier och d’Grondlag vum ekonomesche Wuesstem an dem Wuelstand vum Land gewiescht.

“Et kann een nëmmen ekonomesch gutt fonctionéieren, wann een eng Basis huet, déi friddlech ass. Wann den Environnement securiséiert ass a mir kënnen a Fridden deem nogoen, wat mer gären hätten, fir eist Land no vir ze bréngen. Wann de Fridden net garantéiert ass, dann huet ee ganz aner Suergen, da wëll een iwwerliewen an da kann ee sech net konzentréieren op all aner ekonomesch oder sozial Aspekter, déi een och brauch, fir als Societéit ze evaluéieren.”
Am Fall vu Lëtzebuerg géif sech d’Solidaritéit an der Proportionalitéit moossen. Als Grand-Duché misst ee garantéieren, dass ee mat senge Leit op der Héicht wier an och wann ee vun der Unzuel net mat anere Länner kéint mathalen, esou wier et fir d’Kredibilitéit wichteg, datt ee qualitativ um Niveau vun anere westlechen Arméie wier.
Schonn ee Joer virum Krich an der Ukrain krut Lëtzebuerg vun der NATO d’Objektiv gesat, fir zesumme mat der Belsch e Reconaissance-Batallioun op d’Been ze stellen. Mat der Annexioun vun der Krim am Joer 2014 hätt een als Militärallianz gesinn, dass ee méi reaktiv misst ginn.