
Am Kader vun der Union economique belgo-luxembourgeoise muss Lëtzebuerg en Deel vun de Steierrecetten un d’Belsch zeréckiwwerweisen. Lëtzebuerg war ass an deem Zesummenhang der Belsch 91 Milliounen Euro schëlleg. D’Lëtzebuerger an d’Belsch wiere sech elo eens ginn iwwert d’Montante fir 2019 an 2020, sou Paperjam. Och wa weder en Datum an de genee Montant formell genannt gi wieren.
