
Dofir huet de Mann sech elo misste virum Geriicht zu Diddenuewen veräntweren. Him gëtt virgeworf, säin Appartement weiderverlount ze hunn, dat u Prostituéiert. An der Wunneng hat hien aacht Zëmmer, déi hie fir all Kéier 350 Euro pro Woch, natierlech bor bezuelt, u seng brasilianesche “Frënn” weiderverlount huet.
Bei enger Perquisitioun den 3. November vum leschte Joer hunn d’Gendaarmen awer kloer festgestallt, datt hei Prostitutioun bedriwwe gouf. Hei hu si eng Fra getraff, déi kee Franséisch geschwat huet, a kuerz drop dunn och vum Lëtzebuerger, deen d’Appartement verlount. De Mann wier Client gewiescht an hätt sech gutt mat enger vun hinne verstanen. Du gouf hie gefrot, fir ze hëllefen, an hätt dat gemaach, esou de 35 Joer ale Mann.
De Mann huet och ausgesot, datt hien et zu Lëtzebuerg probéiert hätt, mä et wier do ze komplizéiert gewiescht. Dowéinst hätt hien dunn d’Appartement zu Audun-le-Tiche (Däitsch-Oth) gelount.
D’Geriicht huet eng Strof vun zwee Joer Prisong dovun een op Sursis geschwat. Weider huet hien en Areesverbuet vun 10 Joer a Frankräich. Hien huet elo nach 10 Deeg, fir an Appell ze goen, esou de Républicain Lorrain.