U polnescher Grenz mat der UkrainLëtzebuerger Student ass fir d'Caritas am Asaz

Christophe Hochard
De Philippe Jacob ënnerstëtzt hei Flüchtlingen, déi aus der Ukrain mam Zuch oder Bus iwwert d'Grenz kommen.
Fir d'Caritas an der Ukrain am Asaz
De jonke Student Philippe Jacob ass wärend senger Semestervakanz op der Uni fir d’Caritas op der polnesch/ukrainescher Grenz am Asaz.

Zanter zwou Wochen hëlleft de Philippe Jacob als Benevole vun der Caritas op der polnescher Grenz. Hien ass Student op der Uni zu Bréissel an huet Vakanz. Hien ass op enger Gare am Asaz, déi esou grouss ewéi déi Ettelbrécker ass, a wou all Dag Dausende vu Leit ukommen.

Zich déi hei aus der Ukrain ukommen, komme vun Odessa oder Kiew, mä net nëmmen iwwert d’Schinnen, och per Bus kommen d’Flüchtlingen un. Warschau, Prag, Krakau oder Däitschland heeschen d’Destinatioune vun de Leit, déi musse flüchten. Haaptsächlech sëtze Frae mat hire klenge Kanner an den Zich oder Busser.

© RTL

Marketing a Kommunikatioun studéiert de Philippe zu Bréissel. Als Benevole vun der Caritas hëlleft dee jonke Mann elo Wallisse schleefen a verzweiwelt Leit tréischten. Wärend déi eng aus der Krichsregioun fortlafen, wéilten der och ëmmer méi zréck an d’Ukrain, erzielt de Philippe Jacob, deen de Weekend nees zeréck op Lëtzebuerg kënnt. Well e Mëttwoch fänkt seng Uni erëm un. En Zil huet hien awer: Am Summer wëll hie gär nach emol ee Mount zeréck hëllefe goen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO