Schülerprotester a FrankräichLëtzebuerger Student temoignéiert: "Elo grad erënnert et mech un e Schluechtfeld"

Pierre Jans
A Frankräich gerode rose Schüler- a Studentengruppe mat de Forces de l'ordre uneneen. A ville Stied koum et zu Affrontementer. E Lëtzebuerger Droitsstudent zu Stroossbuerg huet eis am Interview gezielt, wéi hien d'Situatioun erlieft huet.

Déi Jonk protestéiere géint d'Léierkonditiounen an hire Lycéeën an Universitéiten. Dem Educatiounsminister Édouard Geffray no koum et an iwwer 560 Etablissementer zu Ausschreidungen. Vill Gebaier goufen evakuéiert an zougemaach.

Och d'Uni zu Stroossbuerg ass betraff. De Sam Elsey studéiert do am zweete Joer Droit. RTL géigeniwwer beschreift hien d'Situatioun e Freideg de Moie viru senger Uni als geféierlech. Aus enger friddlecher Studentendemo wär bannent Minutten eng Kläpperei ginn tëschent Studenten ënnert sech a Studente géint d'Police. D'Klassen bannena wären evakuéiert ginn, ma bausse virun der Haaptentrée gouf et och sëllegen Objeten, déi gebrannt haten:

"Ech koum gutt ewech, well ech zesumme mat ronn 100 anere Studenten eng Sortie benotzt hunn, déi een nëmmen an Urgence soll benotzen. Esou hu mir net missen duerch d'Manifestatioun goen. Verschiddener kruten Tréinegas of. Ech hat just e bëssen en Effekt, well es awer esouvill an der Loft war. Elo grad erënnert et mech un e Schluechtfeld. Dat ass immens traureg. Well ech verstinn de Schüler hiert Uleies. D'Konditiounen an hire Lycéeë sinn net gutt. Mä et ass leider typesch fir Frankräich: esou en Uleies gëtt da benotzt vu Casseuren, fir futti ze maachen an alles unzefakelen. Dat ass schued", zielt eis de Sam Elsey.

Dem Sam Elsey no sinn all d'Lëtzebuerger Droitsstudenten, déi hie kennt, awer a Sécherheet. Déi meescht wären nom Cours an hire Wunnenge bliwwen.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO