
Wéi et e Mëttwoch an dësem Kontext an engem Rapport heescht, wier wuel e Pilotefeeler de Grond fir d’Ongléck, bei deem am November zejoert a Litauen eng Persoun gestuerwen ass an dräi weiderer blesséiert goufen. Op Basis vun de virleiende Beweiser misst een dovun ausgoen, dass “mënschlecht Versoen” d’Ursaach fir den Accident war. Villes géing drop hindeiten, dass den hydraulesche System, iwwer deen d’Klappen, aus deene bei der Landung d’Rieder kommen, gesteiert ginn, manuell desaktivéiert goufen.
Wéi et weider vum litauesche Parquet heescht, hätt een déi spuenesch Ermëttlungsautoritéiten domat beoptraagt, de Pilot vun der Maschinn, deen aus Spuenie kënnt, ze befroen.
De 25. November huet en Transportfliger, dee vu Leipzig aus a Litaue geflunn ass, ronn ee Kilometer virum Fluchhafe vun der Haaptstad Vilnius missen noutlanden. D’Maschinn ass dobäi verongléckt an eng Persoun ass gestuerwen. Déi dräi aner Membere vun der Crew goufe blesséiert.
Onmëttelbar nom Tëschefall gouf e russesche Sabotage-Akt net ausgeschloss. Dës Theorie gouf awer am Dezember verworf, nodeems d’Donnéeë vun der Blackbox vun der Maschinn ausgewäert goufen.