
De Proprietär huet e Sonndeg d’Police geruff, nodeems hie vill Geknupps aus senger verlounter Wunneng héieren huet. D’Beamten hunn op der Plaz mam Locataire geschwat, deen hinnen du gesot huet, wou déi haart Geräischer hierkomm sinn: Hien hat eegenen Aussoen no Freedefeier bannen a senger Wunneng gezünt, fir “seng Reserv aus dem leschte Joer” opzebrauchen. Wéinst psycheschen Opfällegkeeten ass de Locataire dunn an ee Spidol bruecht ginn.