
“Der Lockdown war geboten” sou de Jens Spahn am Kader vun de neie Restriktiounen, déi vun e Mëttwoch un bei eisen däitschen Nopere gëllen. E Lockdown viru Chrëscht wier och kloer besser, wéi eréischt e Lockdown am Januar, wou et kéint ze spéit sinn.
Opgrond vun enger 3. Corona-Well, déi eventuell komme kéint, huet de Minister dozou opgeruff, sech och iwwert d’Feierdeeg a Silvester anzeschränken. Et wier en anere Joreswiessel wéi normalerweis, sou de Spahn. Et wier e schwéiere Moment, virun allem no engem Joer wéi dësem, ma d’Restriktioune wiere weider wichteg.
D’Situatioun wier esou eescht wéi nach ni, esou den RKI-Chef Lothar Wiehler. D’Zuele klamme weider, bis ewell hu sech an Däitschland ronn 1,35 Millioune Mënsche mam Coronavirus ugestach.
Ma den Impfstoff, sou nach de Spahn, géif Aussiicht op Besserung verspriechen. Weider wier et ëm dem Minister no onëmgänglech, den Impfstoff uerdentlech ze préiwen, sou dass et sou sécher wéi méiglech verleeft.