Bund a Länner hu sech gëeenegtLockdown gëtt bis de 14. Februar an Däitschland verlängert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg um 14 Auer war eng Videokonferenz tëscht Regierung a Länner, um kuerz no hallwer 4 en Dënschdeg koum dunn d'Confirmatioun iwwert eng Eenegung.
Lockdown an Däitschland gëtt verlängert
En Dënschdeg um 14 Auer war eng Videokonferenz tëscht Regierung a Länner, um kuerz no hallwer 4 en Dënschdeg koum dunn d’Confirmatioun iwwert eng Eenegung.

Bund a Länner hu sech op eng Verlängerung an eng Verschäerfung vun de Corona-Reegele gëeenegt. Dat goung schonn en Dënschdeg de Moien aus engem Entworf fir d’Videokonferenz vun de Ministerpresidente mat der Bundeskanzlerin Angela Merkel ervir, déi ntv virlouch. Um 14 Auer war dann och eng Videokonferenz tëscht Regierung a Länner, um kuerz no hallwer 4 en Dënschdeg koum dunn d’Confirmatioun iwwert eng Eenegung. Grond fir d’Verschäerfungen ass och déi nei Virus-Mutatioun, déi sech däitlech méi einfach géif ausbreeden.

D’Mesurë ginn also bis de 14. Februar verlängert. Privat Treffe solle weider bestoe bleiwen, dat awer, wéi elo schonn, mat maximal enger weiderer Persoun aus engem anere Stot.

Nei ass d’Flicht, fir e medezinesche Mask am ëffentleche Verkéier an a Geschäfter unzedoen. Gemengt sinn domadder déi sougenannten OP-Masken, respektiv KN95 oder FFP2-Masken, déi Vire filteren. Eng generell FFP2-Maskeflicht, wéi et se a Bayern gëtt, soll et awer net ginn.

Weider sollen d’Kontakter am ëffentleche Persouneverkéier generell reduzéiert ginn. En Drëttel vun der Zuel vun de Leit, déi normalerweis am ëffentleche Verkéier transportéiert ginn, gëtt ugepeilt. Sou kéint och den Ofstand korrekt agehale ginn.

Iwwerall do, wou et nëmme méiglech ass, soll de Leit Home Office ugebuede ginn. Hei géif also gekuckt ginn, ob et technesch méiglech wier an och ëmgesat kéint ginn. Fir Beräicher an engem Raum, wou net ka genuch gelëft ginn oder d’Distanz agehale ginn, sollen dann och nees FFP2-, respektiv KN95-Maske ugedoe ginn.

Et géif éischt Indicë ginn, dass de mutéierte Virus sech och verstäert bei Kanner a Jugendlechen ausbreede géif, méi wéi bis elo bekannt wier. Schoule solle bis de 14. Februar grondsätzlech zoubleiwen, et géif séchergestallt ginn, dass et eng Noutfall-Betreiung gëtt, Léieren op Distanz soll d’Reegel ginn. Wann d’Wochen-Inzidenz an engem Bundesland ënner 50 géif falen, sollen dës Reegelen dann awer kënne méi labber gemaach ginn. Et bleift also zou, bis een ënnert dësem Wäert ass.

An Alters- a Fleegeheemer soll et fir d’Fleegepersonal eng FFP2-Flicht ginn. Fir d’Bewunner an d’Mataarbechter géif de Schnelltest och wichteg ginn. Wéinst der Knappheet u Personal kéinte kuerzfristeg Zaldoten aus der Bundeswehr agesat ginn, fir sou Tester duerchzeféieren.

Sollten et bis de 14. Februar keng Verbesserunge ginn an d’Inzidenz a Länner net agehale ginn, géifen et héchstwarscheinlech dann hei weider Restriktioune ginn. Dozou gehéieren e Couvre-feu an eng Restriktioun vum Beweegungsradius op 15 Kilometer. Dëse Punkt kéint awer fir vill Diskussioune bei de Ministerpresidente féieren.

Kritik gëtt et och un der EU, well vill ze kuerzfristeg matgedeelt gouf, dass d’Liwwerunge vun den Impfstoffer net kéinten alleguerten agehale ginn.

Weider wäert sech dann och méi op Virus-Prouwe konzentréiert ginn, méi genee op d’Detektéiere vum mutéierte Virus. Am Moment géifen d’Kapazitéiten nämlech feelen, fir e richtegen Iwwerbléck ze kréien. Och beim Tracing soll weider opgestockt ginn, fir esou nach besser Resultater bei der Inzidenz ze kréien. Hei solle Studente kënne forméiert ginn. Dobäi kënnt d’Digitaliséierung vun de Gesondheetsministèren, déi weider soll ausgebaut ginn.

Iwwregens soll eng Beschränkung beim Areese kloer evitéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO