E Samschdeg ass mëttlerweil de 24. Dag vum Ukrain-Krich. Polen huet der EU elo proposéiert, e kompletten Handelsstopp mat Russland ëmzesetzen.
Eng Wafferou an der Ukrain. Dat war och d’Fuerderung vum Lëtzebuerger Premier Bettel an engem zweeten Telefonsgespréich mam russesche President Putin. D’Gespréich e Samschdeg de Muere wier “riicht eraus” gewiescht, heescht et aus dem Staatsministère. Ënnert anerem hätt sech de Premier schockéiert gewise wéinst den Attacken op Zivilisten.
De Buergermeeschter Vitali Klitschko mécht eng Visitt an den Tranchéeë vu Kiew. Déi ukrainesch Haaptstad ass ofgeséchert wéi eng Festung. De Militär mat Hëllef och vun de Fräiwëllege-Batailloune schéngt prett fir eng Offensiv vum Feind, déi bis ewell net koum. De russesche Militär huet d’Artillerie am Norde vun der Haaptstad opgestallt. Sporadesch gi Wunnquartiere vun Ziviliste viséiert, ouni dass irgend eng militäresch Strategie z’erkenne wier. Fraen, Kanner an eeler Leit vu Kiew verbréngen hiren Alldag a Sécherheet am Metro.
Ech sinn elo scho 24 Deeg hei. Vum éischten Dag un. Heiansdo ginn ech heem duschen oder kache mer eppes, mee nuets sinn ech ëmmer hei, well et ass eng vun de sécherste Plaze fir ze schlofen, sou een Awunner aus der ukrainescher Haaptstad.
An der Hafestad Mykolaiv, der leschter ukrainescher Bastioun um Landwee op Odessa, huet de russesche Militär an der Nuecht eng Kasär bombardéiert. Am Weste vum Land, beim Bombardement vun engem Waffelager ënnert dem Buedem bei Ivano-Frankivsk, hätt Russland eegenen Aussoe no fir d’éischte Kéier iwwerhaapt sougenannt “hypersonic” Waffen agesat, déi mat méi wéi dräifacher Iwwerschallvitess fléien an déi kaum vun engem konventionelle Rakéitenofwiersystem kënnen neutraliséiert ginn.
Zu Mariupol um Azov-Mier hänken nach ëmmer 350.000 Ziviliste fest an et feelt u Waasser a Liewesmëttel. Flüchtlingen sinn zu Zaporizhzhia ukomm a schwätzen dovun, d’Hell ausgestanen ze hunn:
Et gëtt kee Mariupol méi. Mir souzen 10 Deeg am Keller a koumen net eng Kéier eraus. Mir hate kee Waasser a keen Elektresch. Am Haff vum Noper konnte mer an e Bunker goen. Mee et war éischter e Keller... et war kee Bunker.

Den ukrainesche President Selenskyj huet nach eemol een Appell u Moskau geriicht, fir imminent, konstruktiv a fair Gespréicher ze féieren. Si wieren déi eenzeg Geleeënheet, déi Russland nach hätt, fir de Schued aus senge Feeler nach a Grenzen ze halen.
D’Bild vum Dag awer kënnt aus dem Weltraum: 3 russesch Kosmonaute sinn op der Raumstatioun ISS ukomm. D’Iwwerraschung war grouss, wéi d’Dier opgoung. Si haten allen 3 Kostümer un, an de Faarwe vun der Ukrain. De Message misst och am Kreml ukomm sinn, wou dee sëtzt, deen hir Rees bezuelt huet.
