Héije Besuch zu KiewMacron, Scholz an Draghi op Visitt an der Ukrain

Pit Everling
Dräi europäesch Spëtzepolitiker wëlle mat hirem Besuch en Zeeche setzen.
Den Ukrain-Konflikt an der Iwwersiicht: Russland an alliéiert Länner a rouden an orangen Téin, Nato-Länner am Bloen. D'Ukrain ass op der Kaart giel, déi vu Russland besate Krim ass giel a rout markéiert.
Den Ukrain-Konflikt an der Iwwersiicht: Russland an alliéiert Länner a rouden an orangen Téin, Nato-Länner am Bloen. D’Ukrain ass op der Kaart giel, déi vu Russland besate Krim ass giel a rout markéiert.
© RTL-Grafik

Scholz, Draghi a Macron zu Kiew / Reprtage Pit Everling

De franséische President Emmanuel Macron, den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz an den italienesche Premier Mario Draghi sinn en Donneschdeg an d’Ukrain gereest. Mat am Gepäck war de Message vun der Ënnerstëtzung fir Kiew.

Et war wuel eng ongewinnte Rees fir d’Protagonisten. Den üblechen Trajet mam komfortabele Fliger gouf ersat duerch eng laang Rees iwwert d’Schinn. Am Südoste vu Polen goung et fir d’Delegatioune mam Zuch fort an 10 Stonne souzen déi 3 Politiker am Waggon, deen op de Biller allerdéngs och net ongemittlech ausgesinn huet.

All Politiker hat dräi Waggone fir sech reservéiert. De Sécherheetsopwand war grouss, Hënn vu Paräis hunn un de Bagagë geroch, fir auszeschléissen, datt Sprengstoff verstoppt war.

Bei der Arrivée um Quai zu Kiew versprécht de Chef aus dem Elysée den Ukrainer weidere Support. Den Emmanuel Macron sot der franséischer Press dës Wierder: “Il s’agit d’un message d’unité européenne adressé aux Ukrainiens et Ukrainiennes. Un mesage de soutien, pour parler à la fois du présent et de l’avenir, parce que les semaines à venir seront des semaines très difficiles.”

Um Programm vun de Politiker stinn natierlech Entrevuë mam ukrainesche President Wolodimyr Selenskyi. Bei de Berodungen ass iwwregens och de rumänesche Präsident Klaus Iohannis dobäi. Et gouf en Donneschdeg de Moien och eng Visitt zu Irpin, wou et Massakere gouf. Den Emmanuel Macron deelt seng Andréck mat der franséischer Press: “Vous êtes ici à Irpin sur un site qui a été détruit. Des massacres ont été perpétrés. Nous avons eu les premières traces de crimes de guerre.”

Den däitsche Kanzler Olaf Scholz versprécht weider finanziell, humanitär an och militäresch Hëllef. Am Donbass hunn d’ukrainesch Forcë grad Schwieregkeeten, déi russesch Offensiv ofzewieren. Och wann d’Haaptstad Kiew an de leschte Woche just sporadesch Zil vu russeschen Attacke war, bleift d’Lag an der Milliounestad méi ewéi ugespaant. Kuerz no der Arrivée vun de Politiker gouf et och e Loftalarm.

D’Visitt vu Macron, Scholz an Draghi ass zu engem interessanten Zäitpunkt. An enger Woch decidéieren déi 27 EU-Memberen driwwer, ob d’Ukrain den offizielle Status vum Bäitrëttskandidat kritt. Och d’Recommandatioun vun der EU-Kommissioun ass imminent.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO