Kand am Bulli erstécktMäerder vun 9 Joer alem Valeriia zu liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt

RTL Lëtzebuerg
De leschte Juni gouf en 9 Joer aalt Meedchen zu Döbeln a Sachsen ëmbruecht. Elo gouf de Mäerder vum Valeriia verurteelt.
Gedenken un dat 9 Joer aalt Valeriia de 14. Juni 2024
Gedenken un dat 9 Joer aalt Valeriia de 14. Juni 2024
© Hendrik Schmidt / DPA / AFP

D’Meedchen, dat mat senger Mamm aus der Ukrain an Däitschland geflücht war, war eng leschte Kéier lieweg gesi ginn, wéi hatt sech den 3. Juni moies fréi op de Wee an d’Schoul gemaach huet.

D’Schoul hat verpasst der Mamm Bescheed ze soen, dass d’Kand moies an der Schoul gefeelt huet. Deemno gouf eréischt am Nomëtteg festgestallt, dass hatt verschwonnen ass. Owes huet d’Mamm d’Kand dunn offiziell als vermësst erkläert.

D’Läich vum Valeriia gouf den 11. Juni an engem Bësch zu Döbeln fonnt, ronn 4 Kilometer ewech vun do, wou hatt gewunnt huet. E Rechtsmedezinner hat bei der Obduktioun Bulli an den Otemweeër vum Meedche fonnt, dee bis an d’Luftröre an d’Bronchië koum. Doru wier d’Meedchen erstéckt, sot hie viru Geriicht. Donieft war d’Meedchen schonn eng jett Deeg dout, éier hatt fonnt gouf.

E puer Deeg méi spéit hat de Parquet vu Chemnitz matgedeelt, datt e 36 Joer ale Mann mat moldawescher Nationalitéit zu Prag an engem Restaurant verhaft gouf. E Freideg, um véierte Verhandlungsdag, gouf den haut 37 Joer ale Mann wéinst Mord um Meedchen zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt. D’Geriicht hat eng besonnesch schwéier Schold festgestallt, wouduerch eng fréizäiteg Entloossung no 15 Joer rechtlech zwar méiglech, an der Praxis awer esou gutt wéi ausgeschloss ass.

De Mann war den Ex-Partner vum Valeriia senger Mamm. D’Ukrainerin ass vum Papp vum Meedche gescheet a war mat de Kanner virum Krich an hirer Heemecht an Däitschland geflücht. Zu Döbeln hat si en neit Doheem fonnt a war do kuerz Zäit mam Täter zesummen.

RTL-News (14.6.24): Doud vum 9 Joer ale Valeriia a Sachsen: E 36 Joer ale Mann gouf zu Prag verhaft

Back to Top
CIM LOGO