
“Bei 85 Prozent vun de Fäll kënne mer wierklech confirméieren, datt si um Covid-19 gestuerwe sinn” seet den Direkter vum Institut fir Pathologie vun der Universitéitsklinik Schleswig-Holstein Christoph Röcken.
Zu Kiel goufen ewell iwwer 50 Leit am Alter tëscht 53 an 90 Joer obduzéiert, déi sech virun hirem Doud mam Sars-Cov-2 Virus ugestach haten. Just e klengen Deel vun hinne wier mam Covid-19 gestuerwen, esou de Röcken. An der Stad Kiel sinn zanter dem Ufank vun der Kris a bis de 4. Februar matgezielt 73 Leit gestuerwen, déi de Coronavirus haten. An der Stad liewen ëm déi 250.000 Leit.
Nieft hirer alldeeglecher Aarbecht obduzéieren den Dr. Röcken an seng Ekipp zousätzlech zwou Persoune pro Dag, déi um Coronavirus gestuerwe sinn. Et wëlle een domadder méi Informatiounen iwwert den Erreeger an d’Krankheet sammelen. Dat Ganzt leeft am Kader vun enger bundeswäiter Initiativ, wou Informatiounen an d’Daten iwwert de Virus systematesch gesammelt an ausgewäert ginn.
