
U sech hat d’EU jo als Virgab ginn, datt ee bis Enn Summer sollt 70% vun der Populatioun geimpft hunn an esou déi sougenannten “Herdenimmunitéit” géif erreechen. De Magazin Politico huet den aktuelle Rhythmus vun den europäesche Länner geholl an ausgerechent, wéi vill Prozent ee bis zu deem Datum kéint geimpft hunn, wann een esou weidermécht, wéi een am Gaangen ass. Datt een d’Kapazitéiten nach kann oder wäert erhéijen respektiv datt een aktuell nach net all déi néideg Dosage geliwwert krut, huet Politico net a Consideratioun gezunn. An hirem Artikel gi si selwer och ze bedenken, datt mat AstraZeneca en drëtt Mëttel um Marché ass, wat d’Vitess kéint eropschrauwen.
Politico huet sech an hirer Etüd just op d’Zuelen aus dem Januar bezunn an domadder eng Héichrechnung op déi nächste Méint gemaach.
Lëtzebuerg géif, wa sech näischt ännert, bis Enn Summer ronn 16% vun der Populatioun geimpft hunn a wier domadder ënnert den 10 schlechtste Länner an Europa. Groussbritannien hätt an där Zäit 94% geimpft als beschte Schüler, Malta (35%), Rumänien an Ungarn (28%) kéimen op d’Plazen 2 an 3. Déi dräi lescht Plaze géingen u Lettland a Bulgarien (5%) an Holland (4%) goen.
Lëtzebuerg huet awer an de leschten Deeg d’Zuelen drastesch eropgesat. Huet een de 14. Januar nach 351 Dosissen den Dag genotzt, waren et den 20. Januar scho méi wéi duebel esouvill an zanter dem 24. Januar läit ee pro Dag bei tëscht 900 an eppes Klenges iwwer 1.000.
Fir awer d’Zil vun Enn Summer, wat de Politico op den 22. September 2021 datéiert, z’erreechen, misst de Grand Duché awer bal 3 Mol esou vill, also 2.882 Dosissen den Dag sprëtzen. Géif Lëtzebuerg awer esou weidermaachen, wéi et bis elo am Januar de Fall wier, hätt een déi 70% net viru Januar 2024 erreecht.
Iwwerhaapt géif et kee vun den EU-Memberlänner mam aktuelle Rhythmus packen. Groussbritannien kann dës Zuel am August 2021 schonn erreechen. Beschte Land an der EU wier Juni 2022 Malta an Ungarn a Rumänien fir Oktober 2022. Holland dogéint hätt mam aktuellen Tempo eréischt am September 2033 hir 70% erreecht.
Kuckt een eng Kéier op d’Zuelen, wéi vill Prozent vun der Populatioun bis ewell geimpft goufen, esou läit an Europa Groussbritannien vir. Bei de Britte sinn et bal 14%. Weltwäit leie si domadder awer just op Plaz 4 hanner Israel (55%), den Arabesch Emirater (34%) an de Seychellen (31%). Lëtzebuerg ass mat 1,82% am ënneschten Drëttel vun der Lëscht ze fannen. Vu ville Länner ginn et aktuell awer keng Informatiounen. All d’Detailer an all d’Grafike fannt der um Site vu Policito.