Trotz internationaler KritikMann am Bundesstaat Alabama mat Stéckstoff higeriicht

RTL Lëtzebuerg
An den USA sinn en Donneschdeg zwee Doudesurteeler vollstreckt ginn. An engem Fall gouf eng Method benotzt, déi international an der Kritik steet.
© HANDOUT / Alabama Department of Corrections / AFP

Am US-Bundesstaat Alabama gouf den 59 Joer alen Alan Miller higeriicht. Hie war zum Doud verurteelt ginn, well hien am Joer 1999 dräi vu sengen Aarbechtskolleegen ëmbruecht huet. D’Exekutioun gouf mat Stéckstoff duerchgefouert. Bei dëser Method kritt de Verurteelten eng Otemmask opgesat, aus där renge Stéckstoff kënnt. Doduerch kann hie kee Sauerstoff méi anootmen an erstéckt schlussendlech. Dës Hiriichtungsmethod, déi nieft Alabama nach an zwee aneren US-Staaten agesat gëtt, gëtt international staark verurteelt. Bei der éischter Hiriichtung mat dëser Method am Januar hunn d’Vereenten Natioune vu Folter geschwat an d’Wäisst Haus huet sech zudéifst beonrouegt gewisen. Och vu Säite vun der EU gouf et Kritik.

D’Hiriichtung vum Miller en Donneschdeg soll lokale Medien no ronn zwou Minutte gedauert hunn, wärend deenen de Verurteelten eng reegelrecht Agonie gehat hätt. Eigentlech sollt hien am September 2022 mat enger Gëftsprëtz higeriicht ginn. Ma dës Exekutioun gouf wéinst Probleemer bei der Injektioun am leschte Moment ofgebrach.

Bei der zweeter Exekutioun en Donneschdeg gouf e Mann am Oklahoma mat der Gëftsprëtz higeriicht.

Back to Top
CIM LOGO