TréierMann ugeklot no Mord un eegener Fra am Oktober 2024

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de 5. Dezember war een 48 Joer ale Mann bei d'Kriminaldirektioun zu Tréier gaangen, fir eng Plainte géint sech selwer ze maachen.
© AFP

Bei de Beamten huet hie vu sech aus zouginn, seng eege Fra virun e puer Wochen ëmbruecht ze hunn. Déi däitsch Autoritéiten hate sech doropshin direkt op de Wee an d’Wunneng gemaach an dobäi tatsächlech d’Läich vun der 52 Joer aler Fra fonnt.

Bei der Obduktioun vum Kierper gouf eng Stéch-Verletzung am Uewerkierper festgestallt. De Beschëllegten huet behaapt, hie wier dem Wonsch vu senger Fra nogaangen, si ëmzebréngen. D’Enquête géif dës Versioun allerdéngs net hierginn, sou d’Police.

De Mann ass nach ëmmer an Untersuchungshaft. Den Termäin vum Geriichtsprozess ass nach net bekannt.


Back to Top
CIM LOGO